Computing: Free Pascal Programming

Zulespill.

Number game (English version of this page)

Zuelespill Desktop Applikatioun (Windows 64bit) roflueden Zuelespill Quellcode (Lazarus/Free Pascal) roflueden

Beschreiwung: Dëse Programm inspiréiert sech un der Spillshow "Des chiffres et des lettres" vum franséische Fernsee. Aus engem Set vun Zuelen, déi all Spillronn virgi ginn, muss de Spiller duerch schrëttweis Additioun, Soustraktioun, Multiplikatioun oder Divisioun eng ebenfalls virginn Zil-Zuel ermëttelen. Dobäi däerf a muss all Zuel an all Zwëschenergebnis just genau eemol benotzt ginn.
Beispill:
Virginn Zuelen: 1, 2, 3, 4, 5, Zil-Zuel: 50
Léisung (eng vu villäicht méi, déi méiglech sinn):
    2 x 4 = 8     8 - 1 = 7     7 + 3 = 10     10 x 5 = 50
D'Spill ka gespillt ginn ouni mussen Donnéeën anzeginn; et kann een alles mat der Maus maachen: Einfach op d'Zuelen- an d'Operateure-Knäppercher drécke fir d'Léisungsvirschléi ran ze ginn, d'Zwëschenergebnisser ginn automatesch agefëllt. Fir d'Léisungen alleguer ze läschen, den "CA" Knäppche benotzen; fir déi lescht Entrée auszemaachen op "CE" klicken.
Am Menü "Astellungen" kann een d'Unzuel vun den Zuelen (4 däerft relativ einfach sinn, 8 ass fir Experten, géing ech soen), hire maximale Wiert an ebenfalls Operateuren, déi benotzt ginn, auswielen.

Free Pascal Charakteristiken: D'Benotze vu Knäppercher fir Donnéeën anzeginn oder ze läschen (Maus-gesteiert Applikatioun).

Bildschiermfoto:

Zuelespill op Lëtzebuergesch

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.