Computing: Free Pascal Programming

Reche-Wierfelspill fir Kanner.


Dice game with arithmetic exercises (English version of this page)
D'Rechespill Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) De Rechespill Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Wierfelspill, bei deem d'Spiller op all Feld, wou se hikommen, e Rechen-Exercice (einfach Additioun) léise mussen. D'Spill, geduecht fir Kanner, déi grad mat Rechne-Léieren ufänken, ka vun 1-4 Spiller gespillt ginn: Vum Startfeld aus, wierfel, réckel d'Zuel vun de Wierfelpunkte no vir, léis d'Rechenaufgab vun deem Feld, wou s de hikomm bass (bei falscher Léisung muss de no hanne réckelen) a gewann wann s de deen éischte bass deen d'Zilfeld passéiert. D'Spillregelen an eng Beschreiwung vum Spill abegraff. Applikatioun op Lëtzebuergesch.

Free Pascal Eegenschaften: Figuren: hir Faarf an hir Positioun änneren. Mouse-down Eventer op Figuren. Textfelder a Comboboxen Ännerungs-Eventer. Benotze vun Zäitschalteren.

Bildschiermfoto:

PC Applicatioun fir Kanner op Lëtzebuergesch: Reche-Wierfelspill

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.