Rechespill: Eng gratis PC Applikatioun fir Kanner.
D'Rechespill Regelen.
Rechespill ass e Wierfelspill fir Kanner, bei deem op all Feld, wou de Spiller hier Figur hikënnt, eng Rechenaufgab
(einfach Additioun) geléist muss ginn.
D'Regele vum Original-Spill (dat ech am Internet fonnt hunn) sinn déi hei:
- All Spiller kritt eng Figur vun enger bestëmmter Faarf. Bei Spillufank ginn d'Figuren alleguer op d'Start-Feld gesat.
- Et gëtt ofwiesselend gewierfelt, ee Spiller spillt no deem aneren, ëmmer an där selwechter Reiefolleg.
- De Spiller réckelt seng Figur souvill Felder viru, wéi de Wierfel uweist a muss dann d'Rechenaufgab op deem Feld, wou
hien hikomm ass, léisen.
- D'Léise vun der Rechenaufgab besteet doran, am Zomme-Gitter eng vun deenen Zuelen duerchzesträichen, déi där richteger
Äntwert vun der Aufgab entspriechen. D'Zommen-Zuelen däerfe pro Spiller just eemol duerchgestrach ginn.
- D'Duerchsträiche vun den Zuele geschitt mat engem faarwege Stëft, déi selwecht Faarf wéi dem Spiller seng Figur. Domat
ass et méiglech datt d'Zuelen alleguer vun alle Spiller duerchgestrach kënne ginn.
- Wann d'Zuel, déi de Spiller ragi wëll, net méi verfügbar ass (well déi entspriechend Zommen am Gitter schonn alleguer vun deem Spiller duerchgestrach goufen),
kann de Spiller nach eemol wierfelen (Original-Spill; cf. weider ënnen).
- Gewonnen huet dee Spiller, deem seng Figur als éischt d'Zil-Feld passéiert.
D'Rechespill PC Applikatioun.
Am Ufank vum Spill, gëtt am Menü Astellungen > Spiller agestallt, wéi vill Kanner matmaachen (bis zu 4). Eleng spillen ass méiglech;
natierlech mécht dat net souvill Spaass wéi zesumme mat Kollegen, awer et kann och sou e flotte Rechentrainer sinn. Am Menü Astellungen
kënnen nach weider Optiounen ausgewielt ginn. D'Spiller ginn dann hier Nimm an a wann hinnen d'Faarf vun hirer Figur net gefält, kënne si déi änneren. Dofir dee faarwege Quadrat duebel-klicken an eng nei Faarf aus der
Lëscht auswielen. Domat kann et lassgoen (de Knäppche Start drécken)!
D'Kanner spillen eent no deem aneren, sou wéi an de Regele beschriwwen. An der Praxis gesäit dat sou aus:
- Fir ze wierfelen, de Knäppche Wierfelen drécken. D'Wierfele selwer gëtt vum Programm
ausgefouert, genausou wéi d'automatescht Viruréckele vun dem Spiller senger Figur.
- D'Rechenaufgab vir d'Feld, wou de Spiller hikomm ass, gëtt ugewisen an d'Duerchsträiche vun der Äntwert (Zomm vun der Additioun)
geschitt andeems de Spiller op eng vun den Zuelen am Zomme-Gitter klickt.
- Ass déi geklickten Zuel dat korrekt Resultat vun der Rechenaufgab, geet den Tour mam Knäppche Weider un dee nächste Spiller.
- Ass déi geklickten Zuel e falscht Resultat vun der Rechenaufgab, muss de Spiller zréckréckelen (wéi wäit dat ass, gëtt am
Menü Astellungen > Rechefeeler agestallt). D'Zréckréckele gëtt automatesch vum Programm ausgefouert. Da geet den Tour mam Knäppche
Weider un dee nächste Spiller.
- Eng speziell Situatioun entsteet, wa keng vun deenen Zuelen, déi de Spiller als Resultat duerchsträiche wëll, méi fräi
ass (well si alleguer an de Ronne virdru vun deem Spiller duerchgestrach goufen). Fir datt d'Spill virugeet, muss de Spiller op ee vun deen duerchgestrachene Felder
klicken. Hien däerf an deem Fall awer net weider réckelen (oder méi richteg: muss zréck op dat Feld, wou e virdru stoung). Wann d'Zuel,
déi de Spiller duerchsträiche wollt déi richteg Äntwert ass, dann däerf hien nach eemol wierfelen.
- D'Spill ass eriwwer wann ee Spiller d'Zil-Feld erreecht huet. Dozou gëtt et zwou Optiounen am Menü Astellungen > Am Zil ukommen: Wann
D'Zil passéieren däerfen ausgewielt ass, huet ee gewonne wann een d'Zil-Feld passéiert (egal ob ee genau op dat Feld oder méi wäit
kënnt); wa Genau Wierfelpunkten ausgewielt ass, muss ee (wéi am Mensch ärgere dich nicht) sou laang waarden, bis d'Punkten um Wierfel
sou sinn, datt ee genau op d'Zil-Feld (also net méi wäit) réckele kann.
Wann iech dat Spill gefält, dat kënnt dir d'Internet-Adress
https://www.streetinfo.lu/computing/lazarus/doc/Rechespill_lu.html u Frënn a Klassekomerode weiderginn. Have fun!