Zulespill (Zuelespill). |
|
Beschreiwung: Dëse Programm inspiréiert sech un der Spillshow "Des chiffres et des lettres" vum franséische
Fernseh. Aus engem Set vun Zuelen, déi all Spillronn virgi ginn, muss de Spiller duurch schrëttweis Additioun, Sustraktioun, Multiplikatioun
oder Divisioun eng ebenfalls virginn Zilzuel ermëttelen. Dobäi daerf a muss all Zahl an all Zwëschenergebnis just genau eemol benozt ginn.
Beispill:
Virginn Zuelen: 1, 2, 3, 4, 5, Zilzuel: 50
Léisung (eng vu villäicht méi, déi méiglech sinn):
2 x 4 = 8 8 - 1 = 7 7 + 3 = 10 10 x 5 = 50
D'Spill ka gespillt ginn ouni mussen Donnéeën anzëginn; ët kann een alles matt der Maus maachen: Einfach op d'Zuelen- an d'Opérateuren-Knäppercher
drécken fir d'Léisungsvirschléi rannzëginn, d'Zwëschenergebnisser ginn automatisch agëfëllt. Fir d'Léisungen alleguer zë löschen, den "CA"
Knäppche benotzen; fir déi lescht Entrée auszëmaachen op "CE" klicken.
Am Menü "Astellungen" kann een d'Unzuel vun den Zuelen (4 däerft relativ einfach sinn, 8 ass fir Experten, géng ech soën), hire maximale Wert
an ebenfalls d'Opérateuren, déi benotzt ginn, auswielen.
Free Pascal Features: D'Benotze vu Knäppercher fir Donnéeën anzëginn oder zë löschen (Maus-gesteiert Applikatioun).
Bildschiermfoto:
![]() |

