Computing: Free Pascal Programming

Programming Home   Home   Contact

4-Niveauen Zulerätsel (ZueleRaetsel).


Englisch
Zulerätsel

4-Niveauen Zulerätsel.


4-levels number puzzle (English version of this page)
D'ZueleRaetsel Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) De ZueleRaetsel Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Rechespill mat Formen an Zuelen. Dräi Zuelen, déi Deel vun enger Rechenoperatioun (Additioun) sinn, ginn als Fläche vu verschiddene Formen oder/a Faarwen duergestallt. D'Zil vum Spill ass erauszefanne, wéi eng Zuele sech hannert wéi enge Forme verstoppen.
D'Spill huet 4 Niveauen, deen éischte, mat ganz einfache Rechnungen, ass fir klenger Kanner geduecht. Level 2 an 3 si bësse méi schwiereg, sollten awer Kanner aus deen éischte Primärschouljore keng Problemer maachen. Am 4. Level stellen d'Reie mat de Formen Equatioune mat 2 oder 3 Variablen duer an esou däerft et meeschtens schwéier sinn d'Rätsel ze léisen, wann ee net iwwer d'Léise vu Gleichungssystemer vum 1. Grad Bescheed weess.
Dorop ze uechten, dass d'Ännere vum Niveau eréischt mam Starte vun engem neie Rätsel aktiv gett.

Free Pascal Characteristicken: Schaffe mat Formen: Si weisen oder verstoppen, hir Positioun, Form a Faarf änneren.

Bildschiermfotoen:

Zuelrätsel: Niveau 1 Beispill
Zuelrätsel: Niveau 4 Beispill

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.