Computing: Free Pascal Programming

Partizip vun de lëtzebuergesche Verben.


Participle of Luxembourgish verbs (English version of this page)
D'Luxverbes2 Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) De Luxverbes2 Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Dës Applikatioun generéiert Exercicen iwwert de Partizip an déi zesummegesaten Zäiten (Perfekt = passé composé a Plusquamperfekt) vun de lëtzebuergesche Verben. D'Verbe fir d'Exercice ginn aus enger Lëscht vu 400 Wierder geholl, dorënner onregelméisseg Verben, Verbe mat Metaphonèse a Verben, déi eng speziell Konjugatioun wéinst de Regele vun der lëtzebuergescher Rechtschreiwung hunn. Verschidde Verbe si Pronominalverben, anerer hunn e separablen oder net separable Präfix. D'Evaluatioun ass wéi an de Schoulen zu Lëtzebuerg üblech, also mat Punkte mat engem Maximum vu 60 (de Maximum kann am Menü Astellungen op 100 geännert ginn, wat dann engem Pourcentage entsprécht).
De Programm kann och benotzt gi fir d'Konjugatioun vum Indikativ Präsens vu lëtzebuergesche Verben unzeweisen. Wann dat fir déi 400 Verben, déi de Programm kennt (déi an der Lëscht) ok ass, gëtt et keng Garantie dass d'Konjugatioun vun deen anere Verbe richteg ass. Werft w.e.g. ee Bléck an den Hëllefs-Text vun der Applikatioun fir Detailer.

Verbesserungen: Méi Méiglechkeete gi wat fir ee Genre vun Exercice gemaach soll ginn. D'Konjugatioun verbessere mat enger méi grousser Lëscht vu bekannte Verben, d'Erkenne vu Präfix a Basisverb verbesseren, d'Präfix-Kombinatioune consideréieren. Faarwegen Text fir d'Onregelméissegkeeten a speziell Konjugatiounen ervirzehiewen.

Free Pascal Eegenschaften: Benotze vun enger InputBox fir Utilisateurs-Donéeë anzeginn. Fëlle vu Stringgrids. Liese vun Text-Fichieren (klassesche Pascal).

Bildschiermfotoen:

Lëtzebuergesch Verben: Zësummegesaten Zäiten Exercice
 
Lëtzebuergesch Verben: Zësummegesaten Zäiten Konjugatiounstafel
 

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.