Computing: Free Pascal Programming

Lëtzebuerger Uertschafte Quiz.


Luxembourgish locals quiz (English version of this page)
D'Luxembourg2 Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) De Luxembourg2 Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Dëse Quiz, een änleche wéi d'Luxembourg1 Applikatioun, ass iwwert d'Uertschaften a mengem Land. 5 Quiztypen (Ensembel vu Froen) kënnen am Menü Quiz ausgewielt ginn: Rode vum lëtzebuerger Uertschaftsnumm (mat deem däitschen a franséische virginn), vum däitschen a franséischen Numm, der Gemeng, dem Kanton oder dem Landesdeel (Walbezierk) vun enger Uertschaft. Am Ënnerscheed mat Luxembourg1 muss den Utilisateur d'Äntwerte (mat Ausnam vum Walbezierk) manuell aginn (keng Auswiel-Lëscht).

Free Pascal Eegenschaften: Weise/Verstoppe/Benotze vun Inputfelder (Textfelder a Comboboxen), ofhängeg vun der Situatioun (dem Utilisateur senger Selektioun). Stringgrids. Rekord-Felder, Record-Fichiere liese (klassesche Pascal).

Bildschiermfotoen:

Lëtzebuerger Uertschafte Quiz: Rode vum däitschen a franséísche Numm vun enger Stad oder engem Duerf
 
Lëtzebuerger Uertschafte Quiz: Rode vum Numm vun der Gemeng, an deer eng Stad oder en Duerf läit
 

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.