Computing: Free Pascal Programming

Rechne mat Zuelen op lëtzebuergesch.


Basic arithmetic with numbers in Luxembourgish (English version of this page)
D'LuxZuelen Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) De LuxZuelen Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Dës Applikatioun generéiert einfach Rechenaufgaben (Additioun, Sustraktioun, Multiplikatioun an Divisioun) mat Zuelen tëschent 1 an 100. Wat speziell ass um Programm, ass datt d'Zuelen net numeresch mä mat hirem Numm op lëtzebuergesch benotzt ginn. Einfach d'Zuel vun de Froen an déi gewënschten Operateuren auswielen, an dann ofwiesselend Fro (fir eng nei Fro) an Äntwert (fir d'Äntwert ze kontrolléieren an d'Evaluatioun à jour ze maachen) drécken. D'Evaluatioun ass wéi an de Schoulen zu Lëtzebuerg üblech mat Punkte mat engem Maximum vu 60. Ze beuechten datt een, all Kéiers wann een d'Astellungen ännert, Neien Exercice am Menü Exercice wiele muss.

Free Pascal Eegenschaften: Einfach Kontroll-Objeten: Menüen, Textfelder a Memoen, Checkboxen, Dréckknäppercher.

Bildschiermfoto:

Gratis PC Applikatioun: Rechne mat Zuelen op lëtzebuergesch

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.