Computing: Free Pascal Programming

Flëss zu Lëtzebuerg Quiz.


Rivers in Luxembourg quiz (English version of this page)
D'FlessQuiz Desktop-Applikatioun roflueden (Windows 64bit) Den FlessQuiz Quellcode roflueden (Lazarus/Free Pascal)

Beschreiwung: Dëse Quiz ass iwwer déi 15 gréisst Flëss zu Lëtzebuerg. Den Utilisateur kann tëschent 5 Gruppe vu Froe wielen: d'Land/d'Uertschaft vun der Quell, d'Land/d'Uertschaft vun der Mëndung oder de Mëndungs-Floss. Et kann een d'Äntwerten op 2 Manéiere raginn: andeems een se aus enger Lëscht auswielt, oder (déi méi schwéier Aart a Weis de Quiz ze maachen) se ouni Lëschten-Hëllef manuell antippt.

Free Pascal Eegenschaften: Comboboxe mat Donnéeën, déi een aus engem Fichier liest, fëllen. Textfichiere liesen (klassesche Pascal). Komplex Datestrukturen (klassesche Pascal).

Bildschiermfoto:

PC Applicatioun op Lëtzebuergesch: Flëss zu Lëtzebuerg Quiz

Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.